arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Premier géint Entrevue mat der Dokteschvereenegung

AMMD – Luc Frieden

|
headphones

1 min

Premier géint Entrevue mat der Dokteschvereenegung

De Luc Frieden huet eng Entrevue mat der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun ofgeleent.

headphones

1 min

D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD | © Radio 100,7
D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD (Foto: Radio 100,7)

D‘AMMD hat Mëtt Dezember gesot, et géif net duergoen eng nei Konventioun auszehandelen, mee et bräicht och gesetzlech a politesch Ännerungen.

Dowéinst hat d‘Dokteschassociatioun eng Entrevue esouwuel mam Premier Luc Frieden (CSV) wéi och mat der CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez ugefrot, éier weider verhandelt gëtt.

Enttäuschung bei der AMMD

Den AMMD-President Chris Roller weist sech enttäuscht iwwer d’Ofso vum Premier. De Luc Frieden hätt si de Weekend op d‘Gesondheetsministesch verwisen, mee de Chris Roller ass net der Meenung, datt een esou géif weiderkommen. En Datum fir eng Entrevue mat der Martine Deprez steet nach net fest.

De Luc Frieden hätt der AMMD iwwerdeems proposéiert „sech eemol am Fréijoer ze gesinn“, esou nach de Chris Roller.

D'Konventioun war am Oktober 2025 gekënnegt ginn

D‘AMMD hat Enn Oktober d‘Konventioun mat der Gesondheetskeess CNS gekënnegt fir politeschen Drock ze maachen. D’Dokteschvereenegung fuerdert
ënner anerem eng Ännerung an der Gouvernance vun der CNS an der Festleeung vun den Dokteschtariffer, esou wéi e partiellen Deconventionnement.