arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Premier Nielsen: Wann ee misst wielen, géif een Dänemark wielen

USA / Grönland

|
headphones

1 min

Premier Nielsen: Wann ee misst wielen, géif een Dänemark wielen

„Wa mir tëschent Dänemark an den USA wiele mussen, wiele mir Dänemark.“ Dat sot de grönlännesche Premier Jens-Frederik Nielsen bei enger gemeinsamer Pressekonferenz mat senger dänescher Homologin Mette Frederiksen.

headphones

1 min

© EPA/LISELOTTE SABROE DENMARK OUT
(Foto: EPA/LISELOTTE SABROE DENMARK OUT)

D'Mette Frederiksen huet dem Donald Trump seng Aussoen, fir Grönland wëllen ze annexéieren, als „inakzeptabelen Drock“ vum „enksten Alliéierten“ vun Dänemark bezeechent.

Muer um Mëttwoch soll den den däneschen Ausseminister Lars Lokke Rasmussen sech am Wäissen Haus mam US-Vizepresident JD Vance a mam US-Ausseminister Marco Rubio wéinst de Grönland-Diskussiounen treffen.

Och déi grönlännesch Ausseministesch Vivian Motzfeldt soll bei der Reunioun dobäi sinn. Dat huet den däneschen Ausseminister virun der Press annoncéiert.