Et gëllt als warscheinlech, datt de Vott déi konservativ Minoritéitsregierung wäert stierzen an et zu Neiwalen am Mee wäert kommen.
Ausgeléist gouf dës Situatioun duerch de Virworf vun engem méiglechen Interessekonflikt vum Premier duerch eng Immobilien- a Consulting-Firma, déi hie gegrënnt hat. Hie soll Kontrakter mat private Firmen ënnerschriwwen hunn, esou de Virworf, deen de Luís Montenegro zeréckweist.