Zu Roum kommen haut eng Partie Kardineel zesummen, fir den Oflaf vun der Trauerfeier ze organiséieren. Fir d'Bäisetzung gi Perséinlechkeeten aus aller Welt erwaart, ënner anerem den US-President Donald Trump huet schonn ugekënnegt, fir d'Begriefnis mat senger Fra Melania Trump an Italien ze reesen.
Iwwerdeems fänken d'Spekulatiounen un, wien den nächste Pontifex kéint ginn. A spéitstens 20 Deeg solle Kardineel aus der ganzer Welt an de sixtinescher Kapell zesummekommen, fir en neie Poopst ze bestëmmen.
De Lëtzebuerger Bistum schreift, d'Kierch géif ëm ee Mënsch traueren, deen net gezéckt hätt mat Courage an onkonventionelle Manéiere schwiereg Theemen an d'Debatt ze bréngen.
Och de Grand-Duc Henri an de Premier Luc Freiden hu sech traureg iwwer den Doud vum Poopst gewisen.
De Poopst François ass de Méindeg am Alter vun 88 Joer gestuerwen un engem Hireschlag gestuerwen. Den Argentinier stoung zënter 2013 un der Spëtzt vun der kathoulescher Kierch.