Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reaktiounen aus Lëtzebuerg

Nom Doud vum Poopst François

Reaktiounen aus Lëtzebuerg

De Poopst François war deen éischte Südamerikaner dee Chef vun der kathoulescher Kierch ginn ass. De Premier Luc Frieden, de Generalvikar Patrick Muller an den Historiker Michel Pauly reagéieren no der Ukënnegung vu sengem Doud.  

auto_stories

2 min

D'Entrevue tëschent dem Poopst an dem Premier Luc Frieden. | © SIP / Julien Warnand
D'Entrevue tëschent dem Poopst an dem Premier Luc Frieden. (Foto: SIP / Julien Warnand)

Den Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, de Michel Pauly, seet datt de Poopst eigentlech bei de Kierchinternen Diskussiounen net vill ëmgesat hätt, mee um politesche Plang hätt de Poopst François villes beweegt.

“Hien huet mengen ech eng ganz Rei vu kloer Stellungname geholl, déi iwwregens och Lëtzebuerg betreffen, och wann en deen Numm genannt huet, mee en huet ganz kloer zum Beispill Stellung geholl géint Finanzkapitalismus, deen nëmmen nach op Spekulatiounen aus ass an op Gewënn an net méi op déi moraleschen Impetus vun enger Wirtschaft, déi am Déngscht vum Mënsch steet.”

De Premier Luc Frieden huet sech ganz traureg gewisen iwwert den Dout vum Poopst François. Et wier ee ganz mënschleche Poopst gewiescht, dee ganz sympathesch optimistesch an och eng moralesch Autoritéit war. De Poopst hätt och verschidde Problemer ewéi d’Aarmut, d’Ëmwelt an de Fridden ni aus den Ae verluer.

De Poopst François wäert d’Welt markéiert hunn, betount de Premier Luc Frieden.

“Mee ech mengen hien hannerléisst Spueren, déi an der kathoulescher Kierch an doriwwer eraus als Staatschef vum Vatikan an der Welt wäerten hir Spueren hannerloossen. Ech muss soen, datt ech d'Chance hat virun e puer Méint zu Lëtzebuerg en Tête à tête mam Poopst bei enger Audienz am Palais gehat ze hunn an datt ech och do seng grouss Mënschlechkeet gespuert hunn.”

Am September d‘läscht Joer war de Poopst op Visite hei zu Lëtzebuerg. De Generalvikar Patrick Muller huet hien do intensiv erlieft.

“Immens volleksno an all Bléck, deenen och d'Leit geruff huet, hunn einfach vun enger grousser Mënschlechkeet an Häerzlechkeet gezeugt an en ass och bei déi mam Rollstull fir d'éischt gaangen, déi begréisst, en huet d'Kanner an den Aarm geholl, all déi Saachen, déi bei de Leit an der Erënnerung bleiwen an och déi spontane Geste vum Kaffi drénken natierlech, en ass mengen ech bei eis gutt eriwwer komm.”

De Poopst François ass op Ouschterméindeg un engem Hiereschlag gestuerwen. De Vatikan huet nach den nämmlechten Dag d’Doudesursaach matgedeelt.