Radioen

On air

9 bis 1  |  BEE SECURE Helpline

play_arrow Live
search

/ Police: Physesch a statesch Policekontrollen op der Covoituragespuer sinn net méiglech

Diddelenger A3

Police: Physesch a statesch Policekontrollen op der Covoituragespuer sinn net méiglech

Fir d’Police ass d'Kontroll vun der neier Covoituragespuer op der Diddelenger Autobunn a Richtung Stad net méiglech. Dat äntwert si op de Constat hin, datt dës nei Spuer net ëmmer sou genotzt gëtt, wéi se soll. Et wiere Radare virgesinn, heescht et vum Mobilitéitsminisère. Bis et souwäit ass kéint et awer nach daueren.

auto_stories

1 min

No dräi Joer Chantier geet dat méi breet Stéck op der Diddelenger A3 op | © Serge Kesseler
No dräi Joer Chantier geet dat méi breet Stéck op der Diddelenger A3 op (Foto: Serge Kesseler)

Dorop solle jo just Autoe fueren, an deenen op d’mannst zwou Persoune sëtzen. "Physesch a statesch Policekontrollen op deem Tronçon si quasi net realisabel." seet d'Police. Eng effikass Kontroll wier just duerch automatiséiert Systemer wéi ee Radar méiglech. 

Eng klassesch Verkéierskontroll op deem Deelstéck kéint nämlech souwuel fir d’Poliziste wéi fir de Verkéier Gefore mat sech bréngen. Et kéim awer zu Kontrollen am Kader vun den alldeegleche Missiounen a Patrullen, sou nach d'Police.

Aus dem Mobilitéitsministère heescht et iwwerdeems op Nofro hin, datt effektiv virgesi wier, Radare fir d’Iwwerwaache vun der Covoituragespuer anzeféieren. Bis et souwäit ass, wäert et awer nach daueren. Dem Ministère no kéint Enn dëst oder Ufank d’nächst Joer eng Testphas ulafen.