Radioen

On air

Notturno  |  Feist - Borrow Trouble

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fraerot fuerdert weiderhin d‘Individualiséierung vun de Pensiounen

Pensiounssystem

Fraerot fuerdert weiderhin d‘Individualiséierung vun de Pensiounen

De Pensiounssystem soll individualiséiert ginn. Dat ass zënter iwwer 20 Joer eng Fuerderung vum Nationale Fraerot. Am Kader vun den Diskussioune ronderëm eng eventuell Reform vum Pensiounssystem, leet den Nationale Fraerot seng Fuerderungen nach eemol op den Dësch. 

auto_stories

2 min

headphones

4 min

© Bigstock play_arrow
(Foto: Bigstock)

De Fraerot wëll méi Gerechtegkeet. An dowéinst ass och eng vun de Fuerderungen d’Individualiséierung vum Pensiounssystem. Dat heescht jiddweree soll weiderhi cotiséieren, och wann een net méi schafft. Zum Beispill well een opgehalen huet fir sech ëm d’Famill ze këmmeren. 

D'Gesellschaftlech Normen hu sech verännert

D’Claudine Speltz-Van Bellingen ass d’Presidentin vum Fraerot. An enger bestueter Koppel dierften Uspréch op Pensioun vun där enger Persoun net vum Beruff vun där anerer Pensioun ofhängeg sinn. Dofir wier eng Individualiséierung vun de Pensioune wichteg, erkläert si. 

"Les normes sociétales aujourd'hui ne sont plus qu'elles étaient au moment où le système de pensions a été mis en place. Les ménages étaient plus stables que maintenant."

D'Mindestpensioun ass den Ament bei 2.244 Euro, wat esou guer ënnert dem onqualifizéierte Mindestloun läit. Net jidderee weess, datt wann een net méi schafft, een trotzdeem ka weider cotiséieren. Dat awer op fräiwëlleger Basis. Fir de Fraerot misst dat och obligatoresch sinn, fir Altersaarmut ze verhënneren.

D'Leit besser iwwer hir Rechter opklären

En aneren Usaz fir e méi gerechte Pensiounssystem wier d’Responsabiliséierung vu Koppelen. Beispillsweis soll de Partner deen nach Sue verdéngt am Fall vun enger Scheedung fir en Deel vun der Pensioun vum Partner opkommen. Wéi d’Partner sech ofsécheren, sollt obligatoresch virun dem Mariage gekläert gi seet d’Claudine Speltz-Van Bellingen nach.

Si hofft och drop, datt méi Informatiounscampagnë lancéiert ginn, fir datt ee seng Pensiounsrechter besser kennt. Vill Leit wéissten nämlech och net wéi eng Hëllefen ee ka kréien, wann een net genuch Pensioun kritt. Nächst Woch gëtt eng Experteronn am Kader vun de Regierungsconsultatioune gefouert. D’Thema ass do Gerechtegkeet am Pensiounssystem.

Lauschterenplay_arrow