Russland hätt bei enger kombinéierter Attack méi wéi 50 Rakéiten an iwwer 500 Dronen agesat, esou den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj. Eleng an der Regioun Lwiw am Weste vun der Ukrain si véier Mënschen un der polnescher Grenz gestuerwen.
Iwwerdeems waren d’Regioune Saporschschja, Sumy, Charkiw, Odessa a Cherson betraff. “Mir brauche méi Schutz, besonnesch a Saache Loftofwier.” Sot de Selenskyj. Amerika an Europa missten elo handelen.
Polen: Keng Violatioun vum Loftraum
Polen hat an der Nuecht zäitweis Kampffligeren an der Luucht an och um Buedem war d’Loftofwier an d’Radarsystemer aktivéiert. Et hätt keng russesch Violatioun vum polnesche Loftraum ginn, deelt déi polnesch Arméi op X mat. Mëttlerweil wier och alles nees am Normalbetrib.
D’Situatioun an der Ukrain géif permanent surveilléiert ginn, fir d’Sécherheet vum polnesche Loftraum ze verteidegen, esou nach déi polnesch Arméi.
An der Nuecht hätten iwwerdeems och F-35-Kampffligere vun der hollännescher Loftofwier zum Schutz vu Pole bäigedroen.
Et wier iwwerdeems schonn zënter Méint Routine ginn, datt Pole wärend russeschen Ugrëff op d’Ukrain Kampffligeren an der Loft huet, just als Präventioun.
De russeschen Defenseministère huet matgedeelt, iwwer 30 ukrainesch Dronen ofgewiert an zerstéiert ze hunn.