Mam Dekreet gëtt déi international Autoritéit fir de Mieresbuedem a Fro gestallt. U sech ass si fir international Gewässer zoustänneg. D’Ofkommes mat der Internationaler Mieresautritéit hunn d’USA allerdéngs net ratifizéiert.
Bannent zéng Joer solle mat dëser Mesure eng Milliard Tonne Material u Mineralien aus der Tiefsee gesammelt ginn, heescht et vun engem héichrangegen US-Beamten.
US-Pläng fir eege Versuerung mat Mineralien
Et soll virun allem no sougenannte polymetallesch Knollen, eng Zort Kiselsteng, gebuert ginn. Déi si räich u Mineralie wéi Mangan, Néckel, Kobalt, Koffer oder rar Äerden. Déi gi virun allem fir elektresch Autoen, Solarzellen, Smartphonen a Laptoppe gebraucht. Et wéilt een net méi vun “auslännesche Géigner” ofhängeg sinn, fir déi eege Mineralversuergung, heescht et am Dekreet.
Bis elo huet nach kee Land iergendwou Buerungen um Mieresbuedem duerchgefouert.
Gefor vun negative Konsequenze fir d’Mierer
Mat dësem Dekreet géif d’US-Regierung awer de Wee fir aner Länner fräimaachen, dat selwecht ze maachen, kritiséiert de Vizepresident vun der ONG Ocean Conservacy. Dat hätt negativ Konsequenze fir d’Mierer, vun deenen och de Mënsch ofhängeg ass.
D’Trump-Regierung geet dovun aus, datt de Biergbau um Mieresbuedem eng 100.000 Aarbechtsplaze kéint schafen a bannent zéng Joer de PIB ëm 300 Milliarden US-Dollar kéint erhéijen. Et wéilt een an deem Beräich Virreider ginn an nach viru China stoen.
China huet um Freideg op den Dekreet vun den USA reagéiert. D’USA géife mat grouss ugeluechten Ofbau um déiwe Mieresbuedem géint internationaalt Recht verstoussen.