Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Plan alerte frontière": Lëtzebuergesch a belsch Police verstäerken hir Zesummenaarbecht

Neien Accord

"Plan alerte frontière": Lëtzebuergesch a belsch Police verstäerken hir Zesummenaarbecht

Lëtzebuerg an d‘Belsch hu gëschter zu Arel een Accord ënnerschriwwen, fir eng verstäerkten Zesummenaarbecht tëscht der Lëtzebuerger a belscher Police an der Grenzregioun. Mam sougenannte "Plan alerte frontière“ sollen d‘Policen aus béide Länner méi séier a méi effikass op Urgencen a gréisser Tëschefäll an der lëtzebuergesch-belscher Grenzregioun kënne reagéieren.

auto_stories

1 min

Police Accord | © Police Grand-ducale
Foto: Police Grand-ducale

Ënner esou Tëschefäll falen terroristesch Attacken a Naturkatastrophen. Änlech Accorden huet Lëtzebuerg och mat Frankräich ënnerschriwwen. Déi sollen den 1 Juli a Kraaft trieden.