Radioen

On air

Tockcity  |  Maribou State, Gaidaa - Bloom

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Piratepartei: Cours des comptes mécht Audit iwwer d'sensibilité politique

Wéinst géigesäitegen Accusatiounen

Piratepartei: Cours des comptes mécht Audit iwwer d'sensibilité politique

D’Cour des comptes soll een Audit iwwert déi politesch Sensibilitéit vun der Piratepartei an der Chamber realiséieren. Dat gouf um Dënschteg moien an enger Sitzung vum Chamberbüro esou decidéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

An de leschten Deeg gouf et jo Ausernanersetzungen a géigesäiteg Virwërf tëscht de Membere vun der Sensibilité politique vun der Piratepartei. An deenen Deklaratioune geet et och ëm d‘Finanzmëttel déi d‘Chamber den Deputéierten accordéiert. D’Cour des comptes wier déi richteg Institutioun déi sech ëm esou eng Aufgab kéint këmmeren, betount de Chamberpresident Claude Wiseler op Nofro hin. 

Et gëtt iwwerpréift, ob d'Sue fir déi parlamentaresch Aarbecht benotzt goufen

Et ass d’Cour des comptes déi nämlech d’Applikatioun vun der Reglementatioun ëm d’Parteiefinanzéierung iwwerpréift. Si hätt deemno déi néideg Erfarung fir d’Finanze vun de Fraktiounen a politesche Sensibilitéiten aus der Chamber ënnert d’Lupp ze huelen. 

Iwwerpréift gëtt op den Artikel 19.5 vum Chambersreglement a punkto Finanzmëttel, déi d’Chamber de Fraktiounen an Sensibilitéiten accordéiert, och respektéiert gëtt.

"Et ass also hei d‘Fro ob déi Suen hei gebraucht gi sinn, fir dat wat am Reglement vun der Chamber virgesinn ass. Dat heescht fir déi parlamentaresch Aarbecht."

An Zukunft sollen all d'Fraktiounen an der Chamber kontrolléiert ginn

Datt een elo decidéiert huet, datt d’Piraten iwwert d’Cour des comptes an der Urgence sollen iwwerpréift ginn, hätt mat den Deklaratiounen an Accusatiounen aus der Press ze dinn.

An där Sitzung gouf awer och decidéiert, datt an Zukunft all d'Fraktioune vun der Cours de Comptes all Joer kontrolléiert solle ginn.

Bei de Pirate gëtt et jo an der Chamber elo eng Spléckung. De Ben Polidori huet der Chamber offiziell matgedeelt, datt hien net méi Member wier vun der politescher Sensibilitéit vun de Piraten, mee wéinst de Vakanze gëtt eréischt bei der éischter Plenière decidéiert a wéi eng Kommissiounen hie wäert siegéieren.

Lauschterenplay_arrow