Dat géif alles zu engem immensen Drock beim Personal féieren, heescht et. D‘Direktioun vum TICE géif de Problem net ugoen an d‘Konventiounsverhandlungen als Excuse an de Vierdergrond stellen, mee dat Argument wéilt een net méi gëlle loossen, esou d‘Personaldelegatioun, a stellt ee Streik an Aussiicht.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Personaldelegatioun vum TICE stellt Streik an Aussiicht
Mobilitéit
Personaldelegatioun vum TICE stellt Streik an Aussiicht
Beim TICE kënnegt sech méiglecherweis ee Streik un: D‘Personaldelegatioun vum Bus-Reseau vun de Südgemenge schléit an engem Schreiwes Alarm iwwer d‘Aarbechtskonditiounen. Déi nei Déngschtpläng wieren net méi anzehalen an et kéim zu massiven Ausfäll vu Faarten a Retarde beim TICE-Reseau.
auto_stories
1 min