Dat wier, wéi et aus dem Haus heescht, „déi éischt Kéier zanter Wochen, dass mir iwwerhaapt informéiert ginn“. Bis elo wier, vum Ofsetze vum André Heinen als President vum Verwaltungsrot un, nämlech absolut keng Kommunikatioun gewiescht.
Zu dëser Informatiounsversammlung fir d’Personal kënnt et 7 Deeg virun där, nach vum André Heinen aberuffener, ausseruerdentlecher Generalversammlung, bei där och iwwert de Richtungssträit bei der CMCM dierft decidéiert ginn.
Schreiwes vun der Personaldelegatioun un d'Mutuellen
D‘Personal, dat bei der CMCM schafft, leit ënner der aktueller Situatioun a fillt sech am Stach gelooss a seet sech schockéiert an enttäuscht. Dat geet aus engem Schreiwes vun der Personaldelegatioun ervir, un all d‘Mutuellen, déi an der CMCM, der Caisse médico chirurgicale mutualiste, regruppéiert sinn.
RTL an d‘Wort zitéieren aus dem Schreiwes. Hei gëtt ënner anerem drop higewisen, datt d‘Personal e grousse Problem mam Generaldirekter Fabio Secci huet, géint deen et jo eng Partie Reprochë ginn, notamment dee vun Vetternwirtschaft.
Mediatioun am Sand verlaf
Am Bréif gëtt nach drop higewisen, datt de revoquéierte President vun der CMCM, den André Heinen, eng Vertrauenspersoun gewiescht wier, deen ëmmer en oppent Ouer fir d‘Problemer vum Personal hat.
Déi Mediatioun, déi hien tëschent dem Generaldirekter an dem Personal lancéiert hat, wier awer am Sand verlaf.