arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Per SMS un d'Ministesch huet den Ex-CNS-President seng Demissioun agreecht

Gesondheetskeess

|
headphones

1 min

Per SMS un d'Ministesch huet den Ex-CNS-President seng Demissioun agreecht

D'CSV-Gesondheetsministesch confirméiert, datt de fréieren CNS-President Christian Oberlé hir per SMS geschriwwen huet, hie wéilt als Beamten demissionéieren. Si wéisst awer net op wéi en Datum, a si hätt och keng formal Demissioun virleien, esou d'Martine Deprez op Nofro hin.

headphones

1 min

An der Suite vun engem 100,7-Bericht iwwer déi ëmstridde berufflech Pläng vum Christian Oberlé, sot de fréieren CNS-President eis, hie wéilt als Beamten demissionéieren.

De Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess huet seng Nominatioun als Beamte majoritär refuséiert.

Et gouf kritiséiert, datt de Christian Oberlé en Temps partiel als Beamten ustrieft an zäitgläich eng privat Berodungsfirma gegrënnt huet.

D'Gesondheetsministesch seet awer, eng Demissioun géif näischt drun änneren, datt si nach decidéiere misst, ob de Vott vum CNS-Verwaltungsrot legal war. D'IGSS koum zur Konklusioun, datt d'CNS sech beim Vott net un d'Gesetz gehalen hätt.