Radioen

On air

Notturno  |  Robocobra Quartet - Wellness

play_arrow Live
search

/ Penurie bei Schoulbicher: Fir d'Librairien ass et schwéier ze wëssen wéi vill gebraucht gëtt

Federatioun vun de Librairien

Penurie bei Schoulbicher: Fir d'Librairien ass et schwéier ze wëssen wéi vill gebraucht gëtt

Schüler:innen oder Elteren, déi dëser Deeg d’Bicher fir d’Rentrée kafe wëllen, kéinten alt mol iwwerrascht ginn. Si kënnen nämlech gesot kréien, datt gewëss Bicher net méi op Stock sinn. D’Schüler mussen d’Coursen dann ufänken ouni d’Buch, dat an e puer Wochen erëm disponibel ass. “Dat hu mer lo all Dag, mee dat ass normal”, seet d’Presidentin vun der Librairiesfederatioun.

auto_stories

3 min

Vun der Anne Diderich ass et dofir, en vue vun der nächster Rentrée, schonn den Appell, d’Bicher am August sichen ze kommen an net eréischt fir d’Rentrée.

D’Gewunnechten hu geännert: Wéi d’Schoulbicher nach hu misse kaf ginn, koum de Gros vun de Clienten eréischt de 15. September. nter datt d’Bicher gratis sinn, gëtt et dogéint d’Méiglechkeet, fir laanscht ze kommen, vun do un, wou déi entspriechend App disponibel ass. Am Prinzip ass dat Enn Juli, sou d’Presidentin vun der Librairiesfederatioun.

An där App steet ganz genee, wee wat brauch, an d’Schüler:innen oder d’Eltere kéimen dann och scho vill méi fréi.

"Dat mierke mer eben och ganz gutt am Laf vum August. Dat heescht eise Schoulufank ass am Fong net just limitéiert ab dem 15. September, mee de Schoulufank fänkt schonn am August un."

Dës Bicherpénurie huet och domat ze dinn, datt Lëtzebuerg dat lescht Land ass, an deem d’Schoul ufänkt. Dofir kann et sinn, datt e Verlag bei engem Buch oder méi Bicher kee Stock méi huet an een op d’Nobestellung waarde muss, betount d’Anne Diderich. Wann d’Kommissiounen déi eenzel Bicher festleeën, da renseignéiert sech de Ministère bei de Verläg, ob genuch Stock do ass.

D'Librairien hänke vum Stock vun de Verläg of

Déi deelen dat da mat, mee et gëtt eben nach aner Länner, déi Bicher brauchen, an da kann emol e Buch feelen. De Ministère gëtt da gewuer, ob vu verschiddene Bicher der net méi genuch op Stock sinn oder awer d’Editioun vergraff ass. De Ministère muss dann decidéieren, ob eng nei Editioun geholl gëtt oder net.

Et ass och fir d’Librairië schwiereg, well si net wëssen, wéi vill Bicher de Verlag nach huet. Si mussen ofwaarden, wat se vun de Verläg geschéckt oder als Äntwert kréien. De Moment kuckt all Librairie d’Commandenzuel aus de leschte Joren.

"Da bestellt all Librairie souvill, wéi se mengt, wéi vill Schüler kéinte kommen. Dat heescht, fir d’Librairien ass et och relativ komplizéiert, eben ze wëssen, wéi vill Stock leeë mer an."

De Problem vum Akaf a vun der Disponibilitéit hätt nach ëmmer bestanen. En anere Modus, fir d'Bicher unzeschafen, wier allerdéngs och schwiereg. Zum Beispill wann d’Schoulen d’Bicher géifen akafen, well d'Schüler:inne grifen och dacks op Bicher aus zweeter Hand zeréck.

Lauschterenplay_arrow