Ënner kengem Ëmstänn soll een direkt an eng Sonnendäischtert kucken, och wa wärend e puer Minutten e groussen Deel vun der Sonn bedeckt wäert sinn. Dat seet d’Cristina Valenti, Optikerin a Presidentin vum Lëtzebuerger Optikerverband. D'Netzhaut vun den Ae kéint nämlech definitiv verbrennen an dat ouni, datt et wéi deet, esou d’Cristina Valenti.
"Dat ass dat Schlëmmst."
De Moment selwer géif een et also guer net mierken. D'Konsequenze kéime Wochen, Méint, oder esouguer Jore méi spéit. De Schued wier irreversibel.
Aus deem Grond soll ee just d’Brëller mat Solarliichtfilter benotzen, déi den internationalen ISO-Normen entspriechen. Och selwer gebastelt Alternativen, wéi puer iwwertenee geluechte Sonnebrëller oder CDen, soll ee vermeiden, well se net den néidege Schutz bidden.
Brëller sinn och bei de Fournisseuren ausverkaft
Och mat engem genormte Brëll soll een net méi laang wéi dräi Minutten um Stéck an d'Sonn kucken. An et misst een oppassen, datt de Brëll keng Schréipsen oder Lächer huet.
Zënter leschtem Weekend wier den Undrang bei den Optiker hei am Land grouss. Gëschter hätt den Telefon guer net méi opgehale mat schellen. Déi meescht Brëller wieren dee Moment awer schonn ausverkaaft gewiescht, erkläert d'Optikerin Enza, déi hire Buttek um Hamilius huet.
"Ech hu bei mengem Fournisseur och keng méi kritt. Déi waren och do ausverkaf."
Och bei Optique Thill an der Groussgaass waren d’Brëller op eemol ganz schnell vergraff, obwuel nach eng Kéier bestallt gouf.
"Déi waren da Samschdeg Moie bannent zwou Stonne fort."
Um Méindeg hätte si nach eemol 150 Stéck no kritt. D'Brëller wieren awer och hei nees an net mol zwou Stonn vergraff gewiescht.
Eventer verdeelen deels gratis Brëller
Gëschter houng an de Vitrinne vu praktesch all Stater Optiker en Ziedel, datt keng Schutzbrëller méi op Stock wieren. Et ass awer net all Hoffnung verluer. Op diverse Veranstaltunge ronderëm d'Sonnendäischtert gi gratis Brëller verdeelt.
Géint 19:20 Auer haut den Owend fänkt de Mound u sech virun d'Sonn ze drécken. Um 20:15 Auer ass den Héichpunkt vun der Däischtert, wou ronn 90 Prozent vun der Sonn net méi wäerte ze gesi sinn. De Sonnenënnergang ass géint 21:00 Auer.