Iwwer eng reegelrecht Fusioun vun de Gewerkschafte OGBL an LCGB missten iergendwann d’Gremien decidéieren. Momentan géif sech déi Fro awer net stellen, mengt den den LCGB-President Patrick Dury de Moien am 100,7 Interview.
"Mee mir hunn eng Zesummenaarbecht, déi haut wierklech gutt fonctionéiert."
Wann hien engem virun e puer Joer gesot hätt, datt den LCGB eng Kéier esou enk mam OGBL zesummeschaffe géif, dann hätt keen him gegleeft, esou de Patrick Dury.
"Oder et hat esouguer ee mir dat erkläert, dann hätt ech dat vläicht och net gegleeft."
Offiziell Fusioun steet nach net am Raum
Et wieren eeben d'Ëmstänn, spréch d'Politik hei am Land, déi dozou gefouert huet, datt si dësen Zesummeschloss hu misse maachen, mengt den LCGB-President. Op der anerer Säit wier et awer och positiv, datt d'Gewerkschaften elo méi wéi jee un engem Strang zéien.
An den haitegen Zäite géif keen Hunn méi no den Differenzen, déi soss tëschent OGBL an LCGB bestanen hätten, kréien.
"Déi Fro stellt sech haut net. Mir si voll amgaang mat schaffen."
Wat déi bevirstoend Tripartite ugeet, huet den LCGB- Präsident nach eemol kloer gemaach, datt dës gutt virbereet misst ginn. Ouni wëllen dem Ordre du Jour virgräifen, fënnt de Patrick Dury, datt d’Stäerke vun der Kafkraaft wéinst der aktueller Kris misst en Thema sinn.