Et géif sech net ëm Behandlungen an der Grenzregioun handelen, mee ëm organiséierten a kommerziellen Zitat „Medezintourismus“.
Keng Flicht fir déi Patient:innen opzehuelen
Rieds geet vu pauschalen Offere mat attraktive Präisser a kuerze Waardezäiten, mat deenen iwwer Internet Reklamm gemaach gëtt. D‘Patientevertriedung nennt keng Länner.
Leider kéim et duerno awer ëmmer méi dacks zu Komplikatiounen. D‘Zänndokteren zu Lëtzebuerg wieren net verflicht, Behandlungen, déi am Ausland duerchgefouert goufen, ze iwwerhuelen oder ze korrigéieren, well si net wéilten haftbar gemaach ginn, esou nach d‘Patientevertriedung.
Si stellt Behandlungen am Ausland net prinzipiell a Fro, mee réit de Leit, sech virdru gutt ze informéieren.