D'Aarbechte wieren nämlech nach net ofgeschloss. Un der Fassad, der Sakristei an och um Paschtoueschhaus missten nach Renovatioune gemaach ginn.
E Feier hat am Abrëll 2019 d'Notre-Dame zerstéiert. Och do virdru schonn wier d'Gebai an engem ganz schlechten Zoustand gewiescht.
Zënter der Reouverture vu virun engem Joer sinn iwweregens 11 Millioune Leit op Visite an der Kathedral gewiescht.