Radioen

On air

Notturno  |  Joanna Sternberg - Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Paetongtarn Shinawatra gëtt nei Premierministesch vun Thailand

Zweete Fra op dësem Posten

Paetongtarn Shinawatra gëtt nei Premierministesch vun Thailand

Thailand huet eng nei Staatscheffin gewielt. D’Paetongtarn Shinawatra ass mat 37 Joer déi jéngste Premierministesch an der Geschicht vum südostasiatesche Land. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Paetongtarn Shinawatra | © picture alliance / NurPhoto | Matt Hunt play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Matt Hunt

Text: Lucie Wahl

Mat enger Majoritéit vun 319 vu 491 Stëmmen am Parlament gouf eng nei thailännesch Premierministesch gewielt. D’Paetongtarn Shinawatra vun der Pheu-Thai-Partei kënnt aus der berüümte Shinawatra Milliardärsdynastie. Hire Papp Thaksin an hir Tatta Yingluck ware virun hir Premierminister a Ministesch a goufen allen zwee vun engem Coup d’Etat gestierzt, nodeems si an den Exil hu misse goen.

Mat bal 38 Joer ass d’Paetongtarn Shinawatra déi jéngste Premierministesch zënter dem Ënn vun der Monarchie absolu vun 1932. Si ass no hirer Tatta déi zweet Fra a Thailand, déi dëse Poste besetze wäert.

Bleift der Parteilinn trei

Puer Deeg virun de Wale gouf de Spëtzekandidat an eemolege Premier, de Srettha Thavisin, vun der Pheu-Thai Partei no enger Klo vum Verfassungsgeriicht als Kandidat ausgeschloss. Deemno war d’Paetongtarn Shinawatra déi eenzeg Kandidatin vun der Regierungskoalitioun.

Déi nei Regierung géif sech virun allem ëm den ekonomesche Wuesstem vun Thailand këmmeren. D’Paetongtarn huet annoncéiert, datt si an der Linn vun der Partei géif bleiwen, déi sech fir Tourismus an internationalem Investment asetzt. No hirer Victoire deelt si an enger Pressekonferenz zu Bangkok mat, datt si d‘Liewensqualitéit vun allen Thailänner verbessere wéilt an de Leit méi Pouvoir wéilt ginn.

D’Pheu-Thai Partei wäert weiderhin a Koalitioun mat konservative Pro-Arméi-Parteie bleiwen. Eng Woch virun de Wale gouf déi pro-demokratesch Oppositiounspartei “Move Forward” vun der Cour konstitutionell opgeléist.

Lauschterenplay_arrow