arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Rettungsschwammen attraktiv maachen

Schwammfederatioun

|
headphones

3 min

headphones

11 min

play_arrow

D'Rettungsschwammen attraktiv maachen

Rettungsschwëmmer ginn ëmmer gebraucht. Grad am Summer, wann dat waarmt Wieder d'Leit an d'Waasser lackelt. Op wat et beim Rettungsschwammen ukënnt, a wéi een de Beruff nach méi attraktiv wëll maachen, huet den Änder Müller vun der Schwammfederatioun am 100,7-Interview erkläert.

headphones

3 min

headphones

11 min

play_arrow
Den André Müller aus der Kommissioun fir Rettungschwëmmer an der Schwammfederatioun | © Morgane Weidig
Den André Müller aus der Kommissioun fir Rettungschwëmmer an der Schwammfederatioun (Foto: Morgane Weidig)

D'FLNS ass d'Schwammfederatioun zu Lëtzebuerg. An den 'S' an der Ofkierzung steet net fir 'Schwammen', mee fir 'Sauvetage'. Grad dee Volet ass am Summer besonnesch vu Bedeitung. Viru méi wéi enger Woch koum d'Nouvelle, datt e Mann vun 63 an de Baggerweieren zu Rëmerschen erdronk ass. Iwwer de Weekend sinn an Däitschland op d'mannst 4 Mënschen erdronk. 

Mat 12 Joer kann een eng Basisausbildung maachen

Dat sinn Zuelen, déi ouni den Asaz vu Rettungsschwëmmer wuel nach méi héich wieren, mengt den Änder Müller, Sekretär vun der Sauvetageskommissioun bei der FLNS. Eng vun den Haaptaufgabe vun dëser Kommissioun ass et, Formatiounen ze organiséieren fir Rettungsschwëmmer auszebilden. 

Am Moment ginn et zwee Breveten am Rettungsschwammen. Deen éischten, deen nennt sech Junior Life Saver. Dat ass quasi eng Basisausbildung, erkläert den Änder Müller.

"Geléiert gëtt eemol, wéi een intervenéiert, wann ee Problem wier. A geléiert gëtt een och, wann een d'Victime aus dem Waasser eraus hëlt. Da muss een och reagéiere mat Éischter Hëllef, soudass do déi wichtegst Punkte vun der Éischter Hëllef och nach eng Kéier duerchgekuckt ginn."

An der Formatioun gëtt een ënner anerem och geléiert, wéi een d'Affer aus dem Waasser zitt, a wéi ee Grëff een do am beschte soll uwennen. Dës Formatioun kann ee mat 12 Joer scho maachen an zitt sech iwwer 12 Stonnen. Eenzeg Viraussetzung ass eng gutt Fitness, well grad Leit aus dem oppene Waasser zéie brauch Kraaft an Technik, betount den Änder Müller.

Den Open Water Life Guard

Déi Leit, déi sech fir d'Formatioune mellen, sinn dohier och meeschtens jonk Leit. Dacks si si schonn a Schwammclibb, oder si sinn un engem Studentenjob an der Schwämm intresséiert. Vun dohier wieren d'Formatiounen och relativ gutt ausgelaascht, esou de Sekretär vun der Sauvetageskommissioun. Genuch Formateure wieren aktuell och do. Dat ass wichteg, ëmmerhi sinn d'lescht Joer 750 där Brevete verdeelt ginn. Dovu si ronn 50 Brevete fir d'Life-Saver-Formatioun, déi méi an den Detail geet par rapport zum Junior Life Saver.

"Anescht ass eigentlech, dass d'Distanze bësse méi grouss sinn, oder dass d'Zäite mat an d'Spill kommen, dass ee verschidden Zäite muss schwammen. Dass een eng bestëmmten Zäit huet, fir ze intervenéieren. Meeschtens ass et esou, dass ee vum Junior Life Saver dann eriwwer op de Life Saver spréngt. Et ass awer och esou, wann een 18 Joer huet an et ass ee wierklech een Ass am Waasser, kann een och direkt de Life Saver maachen."

Aktuell gëtt och un engem drëtte Brevet geschafft: Den Open Water Life Guide. Et hätt ee gemierkt, datt de Besoin, oppe Waasser ze iwwerwaachen, nees méi grouss ginn ass, esou den Änder Müller. Stéchwuert Stauséi a Baggerweieren. Ufank 2026 soll dës Formatioun kënnen ugebuede ginn.

Rettungsschwammen als Kompetitioun

E weidert Zil vun der Schwammfederatioun ass et, nees Kompetitiounen am Rettungsschwammen ze organiséieren. Déi lescht sinn et viru gutt 20 Joer ginn. Doduerch erhofft ee sech eng gutt Reklamm fir d'Rettungsschwammen.

"Dat sinn eenzel Kompetitiounen. Also et ass ganz vill mat Flosse schwammen, mat Mannequine schwammen, Remorquage. Et ginn awer och Teamkompetitiounen, wou een an engem Team schwëmmt, et gëtt ganz vill verschidden Disziplinnen."

Leit, déi un enger Formatioun als Rettungsschwëmmer intresséiert sinn, kënne sech beim Sekretariat vun der Sauvetageskommissioun mellen: sauvetage@flns.lu. 

play_arrow Lauschteren