D’Resultater vun der PISA-Etüd vun 2025, déi déi lescht Deeg verëffentlecht goufen, bestätegen den Trend, deen een an der Vergaangenheet schonn observéiere konnt: Lëtzebuerg läit an dräi Kompetenzfächer – nämlech Wëssenschaft, Liesen a Mathematik – ënner der Moyenne vun den OECD-Länner.
De Smartphone als "neie Verdächtegen"
Wéi d’Resultater vun der éischter PISA-Etüd am Joer 2000 erauskoumen, war deemools d’Opreegung immens grouss an d’Juegd no deene Schëllegen ass lassgaangen.
26 Joer méi spéit, nodeems Lëtzebuerg bei der viregter Evaluatioun vun 2022 ausgesat hat, ass d‘Opreegung dës Kéier däitlech manner grouss, obschonn d’Lag sech am internationale Vergläich kaum verbessert huet.
Et ass, wéi wa mir eis un déi enttäuschend Leeschtung gewinnt hätten, wéi wa mir mat enger gewësse Resignatioun déi üblech Verdächteg enttarnt hätten: Den Educatiounsminister, d’Elteren, d’Enseignanten, an esou weider.
Ee neie Verdächtegen ass dës Kéier bäikomm: De Smartphone. De “supergescheiten” Telefon klaut eise Schüler:innen d‘Zäit ewech, lenkt si of a mécht aus hinnen onwëssend Bierger:innen.
Wonnere muss ee sech net
Wéi esou dacks gräifen d’Reaktiounen op déi schlecht PISA-Performance ze kuerz. D’Schoul ass en Ofbild vun der Gesellschaft, wou all d’Acteuren eng Verantwortung un där Situatioun hunn: d’Politik, d’Kooperatiounen, d’Institutiounen, d’Medien, d’Famillen. Also all déi, déi méi oder manner mat der Erzéiung a mat der Bildung confrontéiert sinn.
A wat opfält ass, datt d’Schoul der ganzer Gesellschaft de Spigel virhält, an zwar do, wou si sech selwer misst a Fro stellen.
Datt d’Lieskompetenz vun de Schüler:innen zeréckgeet ass u sech keng Iwwerraschung wann ee weess, datt Librairien zoumaachen, Editeuren opginn, Qualitéitszäitschrëfte verschwannen.
Datt Mathematik eng Ongenügend krut ass och net esou erstaunlech wann ee weess, datt Kapprechnen eng schwéier Hürd fir vill Leit bedeit, déi systematesch zu engem Recheninstrument gräife fir déi einfachst Additioun ze meeschteren.
Datt d’Resultater an der Wëssenschaftskompetenz zimmlech schwaach ausfale passt och an eng Gesellschaft wou d’Technologie virun allem benotzt gëtt fir eise Liewensmodus ze digitaliséieren an den direkte mënschleche Kontakt just nach op dat néidegst ze reduzéieren.
Konsequenzen op d'Politik, d'Medien an d'Schoul
Dobäi ass d’Technologie nëmmen een Instrument, mat deem mir eisen Alldag organiséieren. Méi fundamental ass de Wee, dee mir wëllen aschloen, fir eis Zukunft ze gestalten.
Wéi den Internet an de Smartphone nach net deen Ausmooss haten, déi si haut hunn, war de Problem schonn do. De Linguist Alain Bentolila huet dat scho virun 20 Joer erkannt, wéi hie virun der Teleréalitéit gewarnt huet.
An engem Roman huet hien erkläert, muss ee sech beim Liesen eraschaffen, d’Protagonisten an d’Plazen entfale sech lues a lues. Mee eis modern Ecrane fidderen eis haaptsächlech mat Saachen, déi eist Wësse bestätegen, déi eis Meenung confortéieren.
Dat gëtt eis d’Gefill, datt mir méi intelligent sinn, a mir brauchen eist Gehier net weider unzestrengen. D’Konsequenz vun där Evolutioun spiere mir am politeschen Alldag, am Medienzirkus an deemno och an der Schoul.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.