Dës Woch ass zockerfräi an der Kantin. Keng Schockelasmëllech, kee Croissant fourée an och kee Ketchup bei der Fritten. Vun der Crèche bis op d’Uni gëtt et fir eis Jonker Banannentrëtsch a Jughurt ouni séissen Topping.
Virun de Geforen am Alldag schützen
Eng Woch ouni Zocker: Déi ännert lo net vill, mee si ass e Symbol wat den aktuellen Trend gutt beschreift. D’Schoul iwwerhëlt ëmmer méi déi Roll vun den Elteren, fir déi Jonk ze erzéien a si virun de ville Geforen am Alldag ze schützen.
Am Mee huet de Ministère den Handy aus de Schoule verbannt. Deemnächst gëtt fir d’Kanner nuets den iPad gespaart, fir datt si méi schlofen. Si hu lo statt Däitsch eng Stonn méi Sport fir fitter ze ginn. Educateure begleede si bei Léierproblemer bis an d’Klass, an a Pilotschoule gëtt et elo och Éischt Hëllef bei psychesche Krisen.
Proffe wéi Schüler ginn trainéiert, fir bei Panikattacken a Selbstmordgedanken am Klassesall richteg ze reagéieren.
Andrang beim SEPAS
Wien dës Reegelen iwwerdriwwe fënnt, schafft net um Terrain. Vill Jonker sinn an der Kris an et ass ganz offensichtlech, datt hinne muss gehollef ginn.
An all Spillschoul ginn et ëmmer méi Kanner, déi net schwätzen, mee just nach quiken, wéi an de Comic-Filmer, déi si nonstop um iPad kucken. Ëmmer méi Jonker lafen net, si schleefe sech duerch den Turnsall. An am Lycée konkurréieren déi mental Krise mam Mobbing ëm d'Spëtzeplaz beim SEPAS.
Déi verschidden Challengen, déi d’Inclusioun an eis hyperdiversifizéiert Gesellschaft mat sech bréngen, kommen do just nach dobäi.
"Eng modern Schoul dréit d’Verantwortung"
Bildung verbënnt, sot den Educatiounsminister Claude Meisch bei der Rentrée.
"Eng modern Schoul dréit d’Verantwortung, eis Kanner op d’Gesellschaft an op d’Liewe vu muer virzebereeden."
Klengt gutt an ass richteg, mee et ass eng riseg Baustell. Eis Schoule si mat de villen neien Aufgabe ferm gefuerdert, heiansdo och iwwerfuerdert. Si sollen alles riichten, wéi eng Supernanny, déi ëmmer déi richteg Léisungen zaubert.
Léieren ass fir eng Schoul haut just nach een Deel vum Business.
Keng Zäit fir d'Erzéiung?
Natierlech ginn et och ganz vill Elteren, déi sech fir hir Kanner engagéieren, déi Wäerter liewen, Virbild sinn, an hire Kanner net just vill Léift, mee och eng Leitlinn ginn. Vill Elteren, déi d’Reegelen aus der Schoul och doheem respektéieren an den Handy nuets aus der Kummer verbannen. Mee et ginn och ganz vill anerer.
Porsche- a Baggerfuerer, Fussballspiller an Affekotinne kréie Kanner a verpassen da si ze erzéien, well si keng Zäit hunn, well si ze midd sinn, well si d’Reegelen och net kennen oder well si um Handy sinn.
Teamwork gëtt gebraucht
D’Schoule versichen et dowéinst mat méi Elterenaarbecht an invitéieren op Konferenzen zu brandaktuelle Sujeten. De Staat fërdert Elteren-Foren, offréiert Spillkëschte fir jonk Familljen a BEE-SECURE-Training fir jiddereen. E puer Eltere kommen och. Just déi, déi komme sollen, kommen net.
All Effort nëtzt näischt, wann d’Elteren hir Responsabilitéit net huelen. Wa si sech net trauen, och mol “nee” ze soen, well d’Kand soss kräischt. A wann déi Jonk doheem Zockerstaangen iessen, notzt och kee Jugurt vu Restopolis.
Fir Kanner gutt ze erzéien, braucht et een Team. Net just an de Schoulen, och an der Famill. Mee dat kritt de Ministère net gereegelt.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.