arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Opträg am Bausecteur klammen an Immobiliekreditter ginn erëm méi attraktiv 

Konjonkturflash vum STATEC

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Opträg am Bausecteur klammen an Immobiliekreditter ginn erëm méi attraktiv 

Et sinn éischter positiv Zuele wat Immobiliekreditter an de Bausecteur ugeet, déi een dem Statec no awer mat Virsiicht misst genéissen. D’Zuel vun den Immobiliekreditter, déi d’Banke verginn hunn, si par Rapport zum éischten Trimester vun dësem Joer ëm 30 Prozent an d’Luucht gaangen.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

De Plus vun 30 Prozent wat d'Zuel vun Immobiliekrediter par Rapport zum éischten Trimester 2025 ugeet, schwätzt fir e Redemarrage am Immobiliesecteur. De Bastien Larue, dee beim Statec fir d’Konjunkturberechnungen zoustänneg ass, seet et wier een awer nach net um Stand vu viru Corona ukomm.

“Avant 2022, on avait un marché immobilier très dynamique au Luxembourg. Là, on a une reprise, mais on est quand même pas retourné à la situation d’avant. Mais les indicateurs sont plutôt bien situés” 

Variabelen Zënssaz spillt eng wichteg Roll

De Grond fir méi Kreditter, wier d’Baisse vun den Zënsen. Besonnesch attraktiv ass de variabelen Zënssaz. Kreditter mat engem variabelen Zënssaz maache Stand haut ronn 44 Prozent vun all den Immobilieprêten aus. Enn zejoert waren et nëmme 34 Prozent. D'Prête mat fixen Tauxe sinn och geklommen, wann och manner staark.

Am Verglach mat aneren europäesche Länner steet Lëtzebuerg duerchschnëttlech gutt do. Aner Länner, wéi zum Beispill Portugal, hunn aktuell awer rëm ee méi dynameschen Immobiliemarché, erkläert den Ekonomist.

“La situation n’est quand même pas la même pour tous les pays. Ça dépend des grandes variables comme le taux directeur, même s’il se fait au niveau européen. Mais après il y a aussi la situation économique du pays qui joue” 

Commande fänken nees u liicht erop ze goen

D’Nofro am Bau géif aktuell och liicht klammen, stellt de Statec fest. Dat nodeems een am Juni a Juli e Recul gesinn hat. Am Juli hate sech 57 Prozent vun de befrote Baufirme beklot, datt si net genuch Opträg hätten. Am ganzen éischten Hallefjoer hu sech d’Carnet de Commanden awer ënner dem Stréch erëm op méi laang Siicht gefëllt. 

Niewent dem Bâtiment stagnéiert d’Aktivitéit bei den anere Corps-de-métieren, dat heescht zum Beispill bei den Usträicher, Elektriker a Plätterchersleeër. Am mannste betraff vun engem Manktem u Nofro wier de Secteur vun der génie civil. De Bastien Larue erkläert firwat.

“Ça, c’est moins dépendant de la conjoncture économique ou d’un taux d’intérêt. Ce sont des projets qui se font sur un plus long terme et ne sont donc beaucoup moins affectés par le cycle économique.” 

Virun allem den Neibau géif d’Aktivitéit am Bausecteur ukuerbelen. D’Situatioun hätt deemno sech liicht verbessert, et wier awer och nach vill Sputt no uewen, sou de Statec.

play_arrow Lauschteren