Et sollt fir d‘éischt eng sozial Impaktetüd gemaach ginn, fir déi sozial Konsequenze vu méi laangen Ouvertureszäite fir déi betraffe Salariéen ze studéieren. Dat ass d‘Fuerderung vun de Gewerkschaften. Esou laang sollt de Projet op Äis geluecht ginn.
D‘Gewerkschafte weisen drop hin, datt ganz Famille betraff sinn, wann d‘Geschäfter méi laang kënnen opbleiwen. Fir d‘Employéë selwer hätte méi laang Ouvertureszäiten awer keng wirtschaftlech Virdeeler.