Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Optakt vum Korruptiounsprozess géint de Benjamin Netanjahu

Israel

Optakt vum Korruptiounsprozess géint de Benjamin Netanjahu

Den israeelesche Ministerpresident Benjamin Netanjahu seet haut um Dënschdeg fir d‘éischte Kéier am Korruptiounsprozess géint hie viru Geriicht aus. Et ass fir d‘éischte Kéier, datt een amtéierende Ministerpresident an Israel viru Geriicht steet.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

De Benjamin Netanjahu kritt Bedruch, Verontreiung a Korruptioun virgehäit. Hie soll ënner anerem enger Telekommunikatiounsfirma Vergënschtegungen accordéiert hunn a Luxuskaddoen ugeholl hunn.

Viru Journaliste sot hie gëschter um Méindegowend, datt de Prozess eng Hexejuegd an eng systematesch Verfollgung géint seng Persoun wier. De Medien huet hie virgehäit, Ligen ze verbreeden.

Virum Geriicht zu Tel Aviv hu sech Demonstrante versammelt, déi géint dem Benjamin Netanjahu a seng Politik protestéieren.