An der Ried gëschter vum Premier wier kee Wëlle fir grouss Verännerungen ze erkenne gewiescht. Där Meenung ass d’LSAP Fraktiounspresidentin Taina Bofferding.
LSAP: Logement koum ze kuerz
Grad dee Wëlle wier awer néideg, fir Léisungen ënner anerem am Logement ze fannen.
"Et brauch och Reegele géint d'Spekulatioun, et brauch och Reegele géint de Leerstand, et brauch de politesche Wëllen d'Bauland am Interessi vun der Allgemengheet ze mobiliséieren."
Nieft dem Logement wier och de Chômage e grousse Problem, deen net genuch Plaz am Premier senger Ried krut, esou d’Deputéiert vun déi Gréng Sam Tanson.
Déi Lénk: Auswierkunge vu Lounerhéijunge ginn net verstanen
Dat selwecht géif och fir de Mindestloun gëlle fënnt den David Wagner vun déi Lénk.
"Dir verstitt mol net am Usaz, wéi positiv eng Erhéijung vun de Léin sech op déi allgemeng Situatioun hei zu Lëtzebuerg kéint auswierken. An Dir verstitt net, wéi schwéier et an der Tëschenzäit ass, fir mat klenge Léin hei zu Lëtzebuerg auszekommen."
Piraten: Wie soll dat finanzéieren?
De Piraten-Deputéiert Sven Clement fäert, datt d’Regierung mat hirer Finanzpolitik zukünfteg Generatioune belaascht an de sozialen Zesummenhalt zu Lëtzebuerg op d’Spill setzt.
"De Complément de vie chère, d'Steierreform, d'Familljepolitik, den Housing-Bond, d'Defense-Trajectoire bis 2035, d'Multilateralbank, d'PV-Subsiden, den IRM op der Cloche d'Or, d'Hëllefe fir PMEën. Alles dat ass annoncéiert ginn ouni ze soe wou d'Suen hierkomme sollen."
ADR: Méi Problemer duerch méi Leit
Fir de Fred Keup, Fraktiounschef vun der ADR, wiere vill vun de Problemer, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, op den ze staarke Bevëlkerungswuesstem an de leschte Joerzéngten zeréckzeféieren.
"D'Problemer ginn net méi kleng, si gi méi grouss. Verbauung, Zersiidlung, Stau. Verloscht vun eiser Kultur, Zerstéierung vun der Natur, Infrastrukturmangel, Personalmangel beim Staat, Aarmut an e Pensiounsproblem, deen ëmmer no hanne verréckelt gëtt a méi grouss gëtt."
An enger kuerzer Reaktioun direkt no den Debatten, huet de Premierminister Luc Frieden vun nëtzleche Contributioune geschwat, déi deelweis engem Walkampf géifen änelen.