D‘Presidentin Claudia Sheinbaum sot, d‘Protester wiere vu rietsextreme Politiker finanzéiert ginn. Si goufe vu Jugendgruppe vun der sougenanntener Gen Z, also vu jonken Erwuessenen, déi tëschent 1995 an 2010 gebuer sinn.
Si fuerderen en Enn vun der Gewalt vu kriminelle Banden, méi Gerechtegkeet, a politesch Reforme fir eng besser Zukunft vun de jonke Generatiounen a Mexiko. An de leschte Méint gouf et och an anere Länner Protester vun der Gen Z, dorënner a Nepal, Marokko, Madagaskar a Peru.