Gëschter wier se gefléckt ginn an d’Waasserinstallatioune kéinten deemno erëm benotzt ginn.
Op der Waasserspillplaz am Park Kaltreis zu Bouneweg mussen d’Kanner sech allerdéngs nach e wéineg gedëllegen. Do hätt een Ufank der Woch festgestallt, datt de PH-Wäert am Waasser ze héich wier. Fir dee Problem ze léisen, wier een op en externe Partner ugewisen, deen an den nächsten Deeg eréischt kéint dono kucken.
Vum Stater Schäffe war et donieft nach d’Informatioun, datt déi nei Spillplaz am Märeler Park eréischt de 14. Juli wäert ageweit ginn. Am Ufank war d’Ouverture fir d’Fréijoer geplangt. Dat gëtt iwwregens déi éischt inklusiv Spillplaz an der Stad.