D'ONG syreschen Observatoire fir Mënscherechter schwätzt vun op d'mannst 7 Doudegen, dorënner dräi aus der Zivilbevëlkerung. Wéi et heescht, hätten israeelesch Kampffligere Waffelagere vu pro-iranesche Milizen an der syrescher Provënz Hama bombardéiert.
Israel huet an der Vergaangenheet ëmmer nees Positioune vu pro-iranesche Milizen a Syrien ugegraff. Zanter dem Ufank vun der israeelescher Offensiv géint d'Hamas an der Gazasträif hunn déi israeelesch Attacken op syreschem Territoire och zougeholl.