D'Äerdbiewen hat eng Stäerkt vu 6,3 op der Richterskala. Et war géint hallwer 9 owes an der Géigend vun der Stad Mazar-e-Sharif. Eréischt virun zwee Méint gouf et am Nordoste vum Afghanistan ee staarkt Äerdbiewe mat méi wéi 2.200 Doudesaffer.
Och an der Haaptstad Kabul wiere Biewen ze spiere gewiescht.
Zu Kabul an a villen anere Provënzen an Afghanistan koum et zu Stroumausfäll