Radioen

On air

Notturno  |  José González - Heartbeats

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Onseriö" an ouni "faktuell Basis": déi gréng kritiséieren d'Stater Pläng zum Ausbau vum Tram

Mobilitéit

"Onseriö" an ouni "faktuell Basis": déi gréng kritiséieren d'Stater Pläng zum Ausbau vum Tram

Et wier onseriö ze behaapten, aus technesche Grënn kéint den Tram net iwwer déi Stater Neipuertsgaas fueren, esou de François Bausch. Hir Kritik adresséiert sech direkt un d'Regierung an un d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polver. Et wier alles eng Fro vu politeschem Wëllen an net vun technesche Méiglechkeeten.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

déi greng Tram | © déi gréng / Facebook play_arrow
Foto: déi gréng / Facebook

Viru ronn engem Mount ass am Stater Gemengerot annoncéiert ginn, datt den Tram net duerch d’Porte-neuve wäert fueren. Zu hirer Iwwerraschung, esou de gréngen Deputéierte Meris Sehovic. Si hätte sech erwaart, datt national Infrastrukture fir d’éischt an der Chamber diskutéiert ginn, iert et vum Stater Gemengerot presentéiert géife ginn, esou de Meris Sehovic.

"Hei entsteet de Verdacht, datt déi nei Regierung op eng verstoppten Aart a Weis well spueren, andeems se Projeten, déi elo ganz séier kéinten ëmgesat ginn, net ëmsetzt, an amplaz eis vertréischt mat Etüde vub aneren Tracéen."

Een Abléck an d'Etüden

Et missten nei Etüde gemaach ginn, well et technesch net méiglech wier, datt den Tram duerch d’Neipuertsgaass fiert, ouni datt ee misst Beem wechgemaach, esou d’Erklärung vun der DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer an der Transportministesch Yuriko Backes.

Dat wier falsch, mengen déi gréng. D’Partei hat no der Annonce een Abléck an d’Etüde gefrot. Aus deene géif ervir goen, datt "All déi Argumenter, déi bis elo virbruecht goufen, keng faktuell Basis" hätten, esou de Meris Sehovic. 

"Dat heescht, et ass eng Fro vu Choixen, déi ze maache sinn."

De Park kéint vergréissert ginn

Et géife laut den Etüde méi Méiglechkeet ginn, fir d’Beem stoen ze loossen, an den Tram trotzdeem duerch d’Porte Neuve fueren ze loossen. An deenen enge Variante misst een de Busarrêt wechhuelen, an anere misst een eng Autosspuer eliminéieren. Mee fir de François Bausch wier d’Fortmaache vun de Beem awer och eng méiglech Variant.

"Am Endeffekt, wann alles fäerdeg ass, gëtt de Park éischter vergréissert, well e gëtt no fir gezunn. D’Begréngung gëtt no vir gezunn. An deem dote Fall missten 9 Beem wechgeholl ginn, um Rand vum Park, mee et kommen der méi amplaz, wéi der wechgeholl ginn."

Zu wéi eng vun deene Varianten déi gréng géifen tendéieren, wollt de François Bausch iwwerdeems net soen. Dat misst ee gegeebenenfalls nach emol studéiere loossen, esou de fréieren Transportminister.

Lauschterenplay_arrow