arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Olympia, wéi et haut ass, kann net klimafrëndlech sinn"

Olympesch Wanterspiller

|
headphones

4 min

"Olympia, wéi et haut ass, kann net klimafrëndlech sinn"

D’Olympesch Wanterspiller zu Cortina d’Ampezzo a Mailand gi vum IOC gär als déi nohaltegst Spiller, déi et jee goufen, verkaf. Den Alpefuerscher Werner Bätzing widdersprécht do. Senger Thees no kann Olympia wéi et haut ass net klimafrëndlech sinn.

headphones

4 min

Ötztal | © picture alliance / imageBROKER | Johannes Pfatschbacher
Ötztal (Foto: picture alliance / imageBROKER | Johannes Pfatschbacher)

De Werner Bätzing gesäit et positiv, datt d’Olympesch Wanterspiller nees an engem Gebitt sinn, wou de Wantersport doheem ass, an net a kënschtlech opgebaute Gebidder, wéi bei deene leschte Wanterspiller.

Wirtschaft viru Sport?

D’Spiller a Russland, Südkorea a China wieren a kënschtlechen Atmosphären ofgehale ginn. An den Alpe wier dat anescht. An awer wieren och dës Wanterspiller alles anescht wéi nohalteg. Dat wier och guer net méi méiglech, esou dem Werner Bätzing seng Aschätzung.

"Unter den Rahmenbedingungen, die das IOC setzt, geht das überhaupt nicht. Nirgendwo, auch nicht in den Alpen. Wenn man olympische Winterspiele wirklich umweltverträglich und nachhaltig machen wollte, müsste man sie wieder klein machen. Diesen ganzen Zirkus, diesen ganzen Aufwand runterfahren, denn im Prinzip sind die Olympischen Winterspiele heute ja eher eine wirtschaftliche Veranstaltung."

Et wier wuel awer net virstellbar, datt den IOC d’Spiller nees “kleng” maache géif, wéi dat beispillsweis zu Lillehammer an Norwegen 1994 de Fall war. Dofir wieren déi wirtschaftlech Interessien ze grouss.

Trotz dem Verspriechen nohalteg ze schaffe gouf beispillsweiseng komplett nei Bobbunn zu Cortina gebaut, obwuel een eigentlech op bestoend Facilitéiten zeréckgräife sollt.

Den Alpefuerscher Werner Bätzing | © picture alliance/dpa | Karl-Josef Hildenbrand
Den Alpefuerscher Werner Bätzing (Foto: picture alliance/dpa | Karl-Josef Hildenbrand)

Och Eenheemescher si grousse Sportveranstaltungen net méi sou positiv géintiwwer agestallt

Iwwerdeems hätten d’Olympesch Wanterspiller och kee positiv nohaltegen Effekt op déi Eenheemesch, esou de Werner Bätzing. De wirtschaftlechen Impuls géif dacks vun ausserhalb kommen a wier dofir net nohalteg.

Iwwerdeems géifen d’Leit aus deene Regiounen enger méiglecher Wanterolympiad och net méi esou oppe géintiwwer stoen, wéi dat scho mol war.

"Wir haben ja eine Reihe von Abstimmungen gehabt im Alpenraum und in der Nähe des Alpenraums, wo Olympische Winterspiele und ähnliche sportliche Grossveranstaltungen ganz bewusst von der Bevölkerung abgelehnt worden sind, sei es olympische Winterspiele in München und in den bayerischen Alpen, sei es in Innsbruck, sei es im Oberengadin. Da gab es in den letzten zehn Jahren mindestens drei oder vier sehr klare Absagen von Seiten der Betroffenen, die gemerkt haben, für sie bleibt dabei im Prinzip nichts positiv übrig. Sie haben nur die negativen Auswirkungen und alles andere geht an ihnen vorbei."

Klimawandel a Massentourismus ginn an den Alpen Hand an Hand

De Klimawandel wier fir d’Alpen ee vun de gréisste Problemer. An de Massentourismus duerch Leit déi Schi fuere gi geet domat Hand an Hand.

Déi zwee Problemer fir d’Alpe kéint een net getrennt vunenee kucken, seet de Werner Bätzing. Duerch de Klimawandel géifen d’Alpen och ëmmer méi geféierlech ginn, well de Permafrost opdeet. Dat kann da méi reegelméisseg zu Lawinnen oderoch Biergrutsche féieren.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Alpefuerscher Werner Bätzing