D‘Waasseranalyse vun der leschter Woch hätte gewisen, datt d‘Pollutioun vun der Seine nach ëmmer iwwert de Norme fir Schwammkompetitioune läit, huet de Büro vun der Buergermeeschtesch mat gedeelt.
D‘Waasserqualitéit wier duerch ongënschteg hydrologesch Konditioune beaflosst ginn – dorënner vill Reen, wéineg Sonn a Verschmotzung am ieweschte Laf vum Floss.
Fir d‘Seine propper genuch fir Schwammkompetitiounen ze kréien, goufen am Groussraum Paräis ronn 1,4 Milliarden Euro a Kläranlagen an an den Ofwaassersystem investéiert.