Domadder kéint de President Donald Trump der Verëffentlechung ouni Vott am Senat direkt zoustëmmen. Hie misst d'Prozedur just ënnerschreiwen. Wéini hien dat mécht, ass allerdéngs nach net kloer.
Am Representantenhaus gouf et just eng eenzeg Géigestëmm.
Fir den Trump ass den Dossier kriddeleg, well net kloer ass, wien alles an de Mëssbrauchsskandal verwéckelt ass.
An E-Mailen, déi d'Demokrate verëffentlecht hunn, ass den Numm Donald Trump och opgedaucht.