Radioen

On air

9 bis 1  |  TLC - Creep

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Och de Mount Juni brécht Temperaturrekorder

Meteo

Och de Mount Juni brécht Temperaturrekorder

D‘Temperature brieche weider Rekorder. Och de Mount Juni war dee wäermsten zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen. Déi weltwäit Duerchschnëttstemperatur louch am Juni ëm 1,64 Grad iwwer der pre-industrieller Referenzperiod, esou den europäesch Klima-Observatoire Copernicus. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde

De Juni war domat den 13. Mount hannereneen, an deem d'Duerchschnëttstemperatur iwwer der 1,5 Grad Limitt louch, déi am Paräisser Klimaccord festgehale gouf.

Wärend a West-Europa d'Temperature bis elo no bei oder ënner där normaler Moyenne louchen, gouf et a villen anere Regioune vum Planéit Hëtztwelle mat extreem waarmen Temperaturen, dorënner Kalifornien, Indien, China a Saudi-Arabien.