Ee Beispill sinn negativ Auswierkungen op d‘Gesondheet: 35 Prozent hunn uginn, datt si Gesondheetsprobleemer hunn, 45 Prozent hu mental Probleemer opgrond vun hirer Aarbecht. 37 Prozent fille sech emotional ausgebrannt an 31 Prozent soen, si stéinge kuerz virun engem Burn-out.
De Ministère hätt déi Resultater méintelaang zeréckgehalen an d‘Ëmfro als net representativ ignoréiert. Déi Haltung empfënnt d‘Enseignantsgewerkschaft vum OGBL als e Schlag an d‘Gesiicht vum Léierpersonal.
Ausserdeem géif de Ministère d‘Probleemer am Fondamental einfach ignoréieren. Den SEW fuerdert de Minister Claude Meisch op, aus der "Leugnungshaltung" erauszekommen, an d‘Probleemer unzegoen.