Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Vocoder

play_arrow Live
search

/ OGBL: D'Personal bei Caritas Jeunes et Familles huet Angscht versat ze ginn

"Attack géint Personaldelegatioun"

OGBL: D'Personal bei Caritas Jeunes et Familles huet Angscht versat ze ginn

Den OGBL-Zentralsekretär Smail Suljic huet haut, Mëttwoch vun engem "Skandal" geschwat, a vun enger "Attack géint d’Personaldelegatioun" duerch d’Direktioun.

auto_stories

3 min

headphones

1 min

Den OGBL reagéiert virun der Press op d'Situatioun bei Caritas Jeunes et Familles | © Serge Kesseler play_arrow
Den OGBL reagéiert virun der Press op d'Situatioun bei Caritas Jeunes et Familles (Foto: Serge Kesseler)

Bei Caritas Jeunes et Familles war am November d’Vize-Presidentin vun der Personaldelegatioun fräi gestallt ginn, an Enn Februar dëst Joer dräi weider Membere vun der Delegatioun, dorënner de President.

Smail Suljic: Bewosst Schrëtt fir Delegatioun ze schwächen

Hei am Land hätt et nach ni de Fall ginn, datt véier Delegéierter an enger Mise à pied sinn, also enger provisorescher Mesure wéinst enger Faute grave.

D’Schrëtt vun der Direktioun vu Caritas Jeunes et Familles wiere bewosst gemaach ginn, fir d’Delegatioun ze schwächen an auserneen ze huelen, esou de Smail Suljic vum OGBL.

Hie seet och, datt d’Duerstellung vun der Directrice Carina Gonçalves an hirem Message un d’Personal de Freideg falsch wier. Si sot, datt d’Delegatioun am Betrib weider géif funktionéieren. Déi puer Leit déi nach do sinn, géife sech net trauen hir Aarbecht weiderhin ze maachen, seet de Smail Suljic.

"Mir hunn do u sech zwou Fräistellungen zegutt. Et sinn zwee Mol 40 Stonnen zu gutt d'Woch, fir déi Aarbecht ze maachen, plus e puer Posten, de Vizepresident, de President, den Délégué à sécurité an déi Poste wëll keen iwwerhuelen."

Stëmmung "net ideal"

D'Leit géifen d‘Konsequenze fäerte. Dat wier net an der Reaktioun vun der Directice geschriwwe gewiescht.

D'Delegatioun wier "komplett blockéiert". Datt d‘Personal keng Vertriedung hätt, wier fir de Smail Suljic d‘Zil vun där Aktioun gewiescht.

Allgemeng wier d’Stëmmung beim Personal vu Caritas Jeunes et Familles "net ideal", esou nach den OGBL-Zentralsekretär. D’Leit hätte "vill Angscht" mat der Direktioun ze schwätzen, an Angscht versat ze ginn. 

De Smail Suljic verlaangt, datt d’Direktioun hir Decisioune géint déi véier Delegatiounsmemberen zeréck zitt, fir eng weider Eskalatioun ze verhënneren.

An dësem Dossier huet den OGBL och Entrevuë bei den zoustännege Ministeren ugefrot.

Ee Personaldelegéierte fuerdert eng Reaktioun vun der Politik

De Bäitrag vum Serge Kesseler

Lauschterenplay_arrow

D'Vize-Presidentin vun der Delegatioun, huet vun der Direktioun vu "Caritas Jeunes et Familles" virgeheit kritt, net méi geschafft ze hunn. Si war dovun ausgaangen, ganz als Personaldelegéiert kënnen aktiv ze sinn. Déi aner dräi Delegatiounsmembere kréie Falschaussoen an dësem Dossier virgehäit.

Dem Sandro Rinaldis no, géife sech hei och politesch Froe stellen.

"Wéi ass et méiglech, dass een esou einfach kann eng Delegatioun ausser Gefecht setzen?"

Smail Suljic: Personaldelegatioun sollt "auserneen" geholl ginn

Datt déi Beschäftegt elo keng Personaldelegatioun déi funktionéiert méi zur Verfügung hätten, wier d’Zil vun där “ganzer Aktioun” vun der Direktioun vu “Caritas Jeunes et Familles” gewiescht, esou de Virworf vum OGBL-Zentralsekretär Smail Suljic.

"Et ass eng absolut Frechheet. Dat hei ass bewosst gemaach ginn, fir d’Delegatioun ze schwächen, d’Delegatioun auserneen ze huelen. (...)"

Och allgemeng wier d’Stëmmung beim Personal vu “Caritas Jeunes et Familles” “net ideal”, esou den OGBL-Zentralsekretär.

"Si hu ganz vill Problemer gehat, si hu vill Angscht mat der Direktioun ze schwätzen, si hunn Angscht versat ze ginn."

Den OGBL fuuerdert, datt d'Direktioun hir Decisioun zeréckzitt

De Smail Suljic verlaangt, datt d’Direktioun hir Decisioune géint déi véier Delegatiounsmemberen zeréck zitt, fir eng weider Eskalatioun ze verhënneren.

D’Directrice Carina Gonçalves hat am Virfeld am 100,7-Interview dem OGBL ënner anerem virgehäit, hei eng Campagne lancéiert ze hunn.