Et gouf nämlech net vill Neies gesot, ausser datt se nach bësse waarde mussen. D‘Mataarbechter:inne kruten awer garantéiert, datt d‘Salairen an d‘Aarbechtsplaze geséchert ginn. Och wann net gewosst ass wéi.
„Et ass jo en ëffentlechen, konventionéierte Secteur, dat heescht d’Pai kënnt vum Staat, a bon mir wësse jo, datt dat Geld do ass, et gouf iwwerwise vum Ministère, lo ass et leider verschwonnen.“
De Smail Suljic weist sech zouversiichtlech, datt d‘Regierung dat wäert eescht huelen an alles dofir mécht, datt d‘Salairë weider iwwerwise ginn.