An der Haaptstad Nouméa gouf eng Ausgangsspär fir déi nächst Nuecht dekretéiert. Eng Fabrick gouf do a Brand gestach. Schoule bleiwen haut zou. Um internationale Flughafe gouf de Betrib suspendéiert.
D’Regierung am franséischen Territoire huet d‘Populatioun opgeruff, roueg ze bleiwen.
Hannergrond si Spannungen tëscht Loyalisten a Supportere vun der Onofhängegkeet. Si si géint déi geplangte Reform, mat där d‘Wielerschaft soll erweidert ginn.