1.700 Poliziste wiere schonn op der Plaz.
An Nei-Kaledounien gouf et um Donneschdegmoien e weideren Doudegen. Ee Gendaarm wier duerch een "Tir accidentel" ëm d‘Liewe komm. Dat huet den Inneminister Gérald Darmanin matgedeelt. Domat ass d‘Zuel vun den Doudesaffer op fënnef geklommen. Zanter gëschter gëllt den État d‘Urgence am franséischen Iwwerséigebitt.
Zanter e Méindeg kënnt et ëmmer nees zu schlëmmen Onrouen. Hannergrond ass eng Verfassungsrevisioun, déi gëschter zu Paräis gréng Luucht krut. Doduerch sollen elo Dausende franséisch Bierger am Inselstaat am Südpazifik d‘Walrecht kréien an domat hätte si méi politeschen Afloss. Dogéint wiere sech d‘Separatisten.