Déi verschäerfte Reegele fir a Norwegen anzereese gëlle vum nächste Mëttwoch un, wéi déi norwegesch Justizministerin annoncéiert huet.
Et wier eng Reaktioun op deen illegalen Aggressiounskrich vu Russland op d‘Ukrain.
Ganz vill wäert dat awer net änneren. Schonn zënter dem Fréijoer 2022 stellt Norwege praktesch kéng Touristevisaen u Leit aus Russland aus.