Nieft him hunn och d‘Co-Parteipresidentin Francine Closener an d‘LSAP Gemengeconseillère vun Diddeleng, Fabienne Dimmer, Plainte gemaach.
Den Alain Hoffmann hat op der Facebook-Säit vun RTL geschriwwen “Et sollen emol Lénker erstach ginn“. Hien hätt doropshi selwer décidéiert, aus der ADR auszetrieden, esou d‘Parteipresidentin Alexandra Schoos am 100,7 Interview.
No der Spriecherin vun déi Lénk hunn elo och Membere vun der LSAP Plainte gemaach nom Kommentar vum fréieren ADR-Member Alain Hoffmann ënnert engem Facebook-Post. Déi Meldung vu L‘essentiel confirméiert den LSAP-Co-Parteipresident Dan Biancalana op Nofro hin.