search

/ Nom Dout vum Lyhanna: Systeemesch Mängel am Justizapparat sollen analyséiert ginn

Frankräich

|
reading time

1 min

Nom Dout vum Lyhanna: Systeemesch Mängel am Justizapparat sollen analyséiert ginn

A Frankräich soll eng Enquêtekommissioun aberuff gi fir d‘Dysfonctionnementer vun der Justiz nom Fall Lyhanna ze analyséieren a fir rauszefannen, wou déi systeemesch Mängel am Justizapparat hierkommen. Dat huet de Senat zu Paräis haut decidéiert.

reading time

1 min

© EPA/Guillaume Horcajuelo
(Foto: EPA/Guillaume Horcajuelo)

De franséische Premier Emmanuel Macron huet haut virum Senat och zouginn, datt de franséische Justizapparat net genuch Moyenen huet an datt et Dysfonctionnementer ginn, mee dat géif awer net fir d‘Affaire ronderëm de Mord um 11 Joer ale Meedche gëllen. 

Fir dem Meedche seng Famill si genee déi Mängel am Justizapparat d‘Wuerzel vum Problem.

De franséische Premier huet och en neien Dekreet ugekënnegt, datt an Zukunft muss motivéiert ginn, wa Plaintë wéinst sexuellen Iwwergrëffer klasséiert ginn.

Géint den Haaptverdächtege waren eng Rëtsch Plainte wéinst sexuellen Iwwergrëffer op Mannerjäreger gemaach ginn, déi lescht nach am Dezember zejoert. Déi sinn awer klasséiert ginn ouni datt hie jee vun der Justiz verhéiert gi war.