arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kannerläich a Käresilo fonnt, elo gëtt gepréift, ob et dat 11 Joer alt Lyhanna ass

Frankräich

|
reading time

1 min

Kannerläich a Käresilo fonnt, elo gëtt gepréift, ob et dat 11 Joer alt Lyhanna ass

A Frankräich gouf sech deeglaang Suerge gemaach ëm dat 11 Joer aalt Lyhanna. Hatt war leschte Freideg verschwonnen. Elo gouf an engem Käresilo eng Kannerläich fonnt, déi änlech Kleeder hat wéi d'Meedchen.

reading time

1 min

© EPA/YOAN
(Foto: EPA/YOAN)

Eng Autopsie soll elo Kloerheet iwwer d'Identitéit bréngen, esou de Parquet. Den Haaptverdächtegen, een 41 Joer ale Mann, deen am betraffene landwirtschaftleche Betrib schafft, ass an Untersuchungshaft. D'Lyhanna war eng Frëndin vun deem senger Duechter. Hie behaapt, hien hätt d'Meedche leschte Freideg bei enger Piscine erausgelooss. 

Géint de Verdächtege goufen et scho Signalementer a Plainten, ënner anerem wéinst Vergewaltegung vu Mannerjäregen. Dat suergt a Frankräich fir massiv Opreegung an d'Justiz geréit an d'Kritik. 

De franséische Premier Sébastien Lecornu huet eng Krisesëtzung mam Inneminister Laurent Nunez a mam Justizminister Gérald Darmanin aberuff. Et soll op politeschem Niveau gekläert ginn, firwat déi éischt Plainte keng Suite kruten.