Iwwerdeems konnt zu Valencia eng Fra lieweg aus engem Auto gebuerge ginn, nodeems si 3 Deeg laang do agespaart war. Dat huet déi lokal Police iwwer d‘Plattform X confirméiert.
Zënter de schwéieren Onwiedere sollen der spuenescher Regierung no mëttlerweil 211 Mënschen ëm d‘Liewe komm sinn. Iwwer 10.000 Persoune sinn an den Dierfer ënnerwee, fir fräiwëlleg ze hëllefen.