Getraff gouf zu Kiew och eng Kannerklinik. Do gouf et zwee Doudesaffer a vill Blesséierter. Den UNO-Mënscherechtskommissär Volker Türk huet d'Attack op d'Klinik verurteelt. D'Ukrain seet, Russland hätt eng Rakéit op d'Klinik geschoss. Russland behaapt, et wier eng ukrainesch Ofwierrakéit gewiescht.
Den UNO Weltsécherheetsrot soll sech haut mat den neie russeschen Attacke befaassen, nodeems Frankräich an Ecuador eng Drénglechkeetssëtzung ugefrot hunn.