arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No kuerzer Wafferou ginn d'Attacken tëschent der Ukrain a Russland virun

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

No kuerzer Wafferou ginn d'Attacken tëschent der Ukrain a Russland virun

Nodeems d'Wafferou tëschent der Ukrain a Russland am Kader vum orthodoxen Ouschterfest ofgelaf ass, hu béid Säiten d'Attacken nees opgeholl. Eleng Russland huet haut eng 98 Dronen a Richtung Ukrain geschoss. 

reading time

1 min

© picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
(Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

87 vun deene wieren awer ofgefaange ginn heescht et aus der Ukrain. De russeschen Defenseministère mellt sengersäits, datt een hënt 33 ukrainesch Dronen ofgefaangen hätt. 

Wärend der 32-Stonne laanger Wafferou, déi iwwer den orthodoxen Ouschterweekend gegollt huet, hu Russland, wéi och d'Ukrain där anerer Partei virgeworf an Honnerte Fäll géint d'Wafferou verstouss ze hunn.