arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russesch-Ukrainesch Wafferou op en Neits net agehalen

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

Russesch-Ukrainesch Wafferou op en Neits net agehalen

Zënter e Samschdegmoie gëllt am russeschen Aggressiounskrich géint d’Ukrain eng Wafferou fir d’Fest vum orthodoxen Ouschterfest. Béid Säite melle Verstéiss.

reading time

1 min

Kiew mellt 2.299 Verstéiss géint den Ouschterfridden, deen de Kremlchef Putin selwer ordonéiert huet. Dozou géifen 28 Ugrëff, 479 Artillerieugrëff, 747 Dronenugrëff an 1.045 Ugrëff op FPV-Drone gehéieren, esou déi ukrainesch Arméi. 

D’Wafferou soll u sech 32 Stonnen, bis e Sonndegowend, daueren. Och an der Vergaangenheet goufen esou Wafferou ëmmer nees gebrach.

Keng Aussiicht op en dauerhafte Fridden

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet um Samschdegowend an engem Videomessage gesot: “Ouschtere sollt eng Zäit vun der Sécherheet a vum Fridde sinn. Et wier richteg wann de Waffestëllstand iwwer d’Feierdeeg eraus géif undaueren.”

Russland huet an de Verhandlunge mat der Ukrain, ënner US-Vermëttlung, ëmmer nees widderholl, datt et keng generell Wafferou wäert ginn. Bis ewell gëtt et nach keng Aussiicht op ee Friddensplang tëschent béide Länner.