No enger weiderer Schéisserei zu Bréissel gouf elo nationale Police-Renfort ugefrot
De Buergermeeschter vum Bréisseler Quartier Saint-Gilles huet nationale Police-Renfort ugefrot. Gëschter Owend gouf et op en Neits do eng Schéisserei. Ee vermummten Täter hat mat enger Kalaschnikow op enger Plaz geschoss, wou Leit mat Kanner op enger Terrass vun engem Restaurant giess haten.
De sozialistesche Buergermeeschter Jean Spinette wëllt elo vum Artikel 43 vum Policegesetz Gebrauch maachen. Dee gesäit vir, datt een am Fall vun enger gréisserer Menace, a wann déi lokal Police net genuch Moyenen huet, déi federal Police ufroe kann.
Zu Bréissel goufen et dëst Joer scho 66 Schéissereien, déi meescht dovun am Zesummenhang mat Drogenhandel.